De Verlaf vum Klëppelkrich


Hei schreiwe mer iech de Verlaf vum Klëppelkrich op, esou wéi den Här Allain Atten, den Här Gilbert Trausch an den Här Marcel Scheidweiler eis et an hiere Bicher gewisen hun.

Déi franséisch Revolutiounstruppen sin am Fréijoer 1794 hei am deemoolegen Herzogtum agefall. Iwert de Summer hu sie d'ganzt Land mat Ausnahm vun der Festung Lëtzebuerg besaat. D'Belagerung vun der Festung as den 21. November lass gangen, an d'Fransousen hun sech net bräichten ze begannen, wëll d'Éisträicher an d'Englänner haten sech bis hannert de Rhäin zréckgezunn, esou datt vun hinnen keng Gefor ausgangen as.

D'Festung Lëtzebuerg huet dunn den 7. Juni 1795 kapituléiert an d'Éisträicher hu sech missen zréckzéihen. D'Leit, déi hei am Herzogtum gewunnt hun, sie natiirlech net gefrot gin, op sie domadder d'accord wieren. Dat hat iewer näischt méi mat der Fräiheet, Bridderlechkeet a Gläichheet ze dinn, mat dier d'Fransousen an de Krich gezu waren.

D'Leit waren mat der franséischer Steierpolitik net zefridden, wëll sie hu missen méi Steiere wéi virun der Eroberung bezuelen. Och huet et hinne net gefall, wéi d'Fransouse mat hiere Paschtéier emgespronge sinn. Sie hu missen den Eed op d'franséisch Republik a géint d'Monarchie oofleen. Hu sie dat net gemach, konnten sie keng Mass méi halen. Wéi d'Fransousen dunn iewer och nach al d'Jongen zwëschen 20 a 25 an hir Arméi wollten, du koum et zum Opstand!

5 Brumair An VII (26. Oktober 1798)

Zu Klierf, wou sech déi Jongen sollte mëlle fir bei d'Arméi agezunn ze gin, schloen d'Klëppelmänner fir d'éischt zou. Sie huellen de Buergermeeschter an Gendarme fest a schleefen se op Housen. Do riichten sie hiert Haaptquartéier an hiere Prisong an.

6 Brumaire An VII (27. Oktober 1798)

Zu Wolz, zu Leidenborn an der Eifel an zu Buerg Reiland an der heiteger Belsch kënnt et zu ähnlechen Zweschefäll, d'Kommisären an d'Gendaarme kommen als Prisonéier op Housen.

7 Brumaire An VII (28. Oktober 1798)

Eis Klëppelmänner man elo zwou Klëppelarméien: déi eng marschéiert op St.Vith an déi aner wëllt op d'Festung Lëtzebuerg zéien, fir zesumme mat den Éisträicher an den Englänner d'Fransousen erauszegeheien! D'Fransouse schécken hinnen dräi Kolonne Militär a Gendaarmen entgéint. Déi Lëtzebuerger Klëppelarméi kënnt net iwer Houschend eraus, wëll si do op eng franséisch Virhut stéist, déi si do ophält, an auserneen dreiwt.

8 Brumaire An VII (29.Oktober 1798)

Dier St.Vither Kolonn geet et och net vill besser: si gëtt zu Amel auserneegedriwen, an an der Zwëschenzäit hun d'Fransouse Wolz rëmgeholl.

9 Brumaire An VII (30. Oktober 1798)

De Rescht vun de Klëppelmänner, déi es zu Houschend scho kritt haten, huet sech zu Klierf am Déieregaart verschanzt a schéist zënter dem Mëtteg op eng Ofdeelung vun der franséischer

Arméi, déi elo hei amarschéiert kennt. Bis géint der Owend gëtt geschoss, da loossen d'Këppelmänner em déi 30 Doudeger zréck a musse fortlaafen. Em déi gläich Zäit kënnt et zu Arzfeld zu nach méi engem grousse Gemetzels. Do verléieren em déi 110 Klëppelmänner hiert Liewe géint eng aner franséisch Ofdeelung. Zu gudder (?) Lescht gin zwee franséisch Gendarmen zu Asselbuer vu Klëppelmänner, déi jhust vu Klierf zréck waren, erschoss.

10 Brumaire An VII (31. Oktober 1798)

D'Fransousen kommen op Housen a loossen d'Prisonéier fräi.

11 Brumaire An VII (1. Novenber 1798)

Zu Stavelot gëtt och de Rescht tun der St.Vither Kolonn verdillegt: och hei gin et nach eng Kéier em déi 30 Doudeger.

Esou, an domadder war de Klëppelkrich och schons eriwer. De Gilbert Trausch seet dat esou: "Was war der Klëppelkrich? Ein auf einige wenige Tage beschränkter, gegen die Politik des Direktoriums gerichteter Bauernaufstand in den Luxemburger Ardennen, bei dem aller Wahrscheinlichkeit nach 200-300 Bauern umkamen; ein aus der geballten bäuerlichen Wut hervorgegangener spontaner Aufruhr, der ebenso schnell zusammenbrach, wie er entstanden war, mit allen Merkmalen des Strohfeuers: grosse Helle und Hitze, aber nur kurze Dauer."

D'Fransousen haten 91 Gefangener gemaach, déi se an de Fort Olizy vun der Festung Lëtzebuerg agespaart haten. 83 goufen virun e Militärgeriicht gestallt. Et si 35 Doudesstrofen, 24 Prisongsstrofen a 19 Fräispréch gesprach gin. 30 Männer goufen zwëschen dem 8.Januar an dem 20.Mai 1799 um Glacis erschoss oder gekäppt!

Dee leschte war de Schéifermisch vun Asselbuer, dien den 1. Prairial An VII (20. Mäi 1799) säi Liewe gelooss huet.