|
De 25. Abrëll 2000 ass d'Buch zu eisem Theaterstéck "Eng Foto vum Klëppelkrich" beim Verlag "Op der Lay" erauskomm. D'Buch heescht "Eng Foto vum (Klëppel)Krich" wëll et niewt dem Theaterstéck och nach e Kannerroman ze liese gëtt: E Flüchtlingskand aus dem Kosovo kënnt an e 6. Schouljoer, dat grad am gaangen ass, en Theaterstéck ze prouwen. Wat et do alles erliewt, soe mir iech am Buch "Eng Foto vum (Klëppel)Krich". |
|