Den 2. Weltkrich

Mir maachen en Interview

 

 

Dësen Interview gouf mam Jos Sinner gemaach. Hien ass Bauer a wunnt elo nach ëmmer um Bauerenhaff zou Longsdorf. Hien ass mëttlerweil 74 Joer al a scho sechsmol Bopa. Seng Mamm ass kuerz nom Krich gestuerwen.

Fränzy an Nathalie

 

F. + N.: Wéi al wars du, wéi de Krich ugefaang huet?

J. S.: Ech war ongeféier zwielef oder dräizéng Joer al.

F. + N.: Wéi war et dann am Ufank, wéi déi Däitsch do waren?

J. S.: Eng Zäit war et nach relativ normal. Et ass alles esou virugelaf, wéi ëmmer. Mee mat der Zäit goufen déi Däitsch ëmmer méi streng.

F. + N.: Wéi hues du deemols gelieft?

J. S.: Relativ normal. Et musst een zwar extra Kaarten hunn fir Liewensmëttel ze kafen. Natierlech gouf et net alles ze kafen, wat et haut gët. Et musst ee souguer Kaarten hunn fir Tubak ze kafen. Wann ee Pech hat a seng Ticketen net méi erëmfonnt huet, krut een näischt fir z’iessen.

F. + N.: Wat huet sech fir dech geännert?

J. S.: Am Ufank net vill, well du gouf jo nach net op d’Heiser geschoss. Mee duerno gouf leider immens vill zerstéiert.

F. + N.: Bass du am Krich an d’Schoul gaang?

J. S.: Jo, während dem Krich sinn ech an d’Schoul gaang. Während der Ardennenoffensiv natierlech net. An der Schoul hu mir dunn den däitsche Stonneplang gemaach. Ech war deemols am siwente Schouljoer. Duerno sinn ech an d’Ackerbauschoul gaang.

F. + N.: Hues du och an der Schoul giess?

J. S.: Jo, ech hunn do giess. Natierlech hunn ech während dem Krich net esou gutt giess ewéi haut. Ech war am Internat. Just Samsdes konnte mir heemgoen. An der Schoul krute mir leider all Dag nëmme Gromperen z’iessen, an dat war de ganze Krich esou.

F. + N.: Wou bass du an d’Schoul gaang?

J. S.: Am Ufank sinn ech hei zou Longsdorf an d’Schoul gaang. Duerno sinn ech, wéi scho gesot, an d’Ackerbauschoul gaang. Deemols hu se déi Landwirtschaftsschule genannt. Ech hunn do ganz vill Leit ouni Fouss, Hand, Been oder Aarm gesinn, déi an der Hoffnung dohinnergaang sinn, ee gudde Beruff kënnen ze léieren.

F. + N.: Wéi war et, wéi d’Amerikaner komm sinn?

J. S.: Wéi d’Amerikaner komm sinn, ass nët weider vill geschoss ginn. Si koumen eréischt ufangs September 1944 fir eis ze hëllefen.

F. + N.: Wéini huet d’Ardennenoffensiv ugefaang?

J. S.: De 16. Dezember 1944 huet se ugefaang.

F. + N.: Wat ass d’Ardennenoffensiv iwwerhaapt?

J. S.: Wéi scho jidderee geduecht huet, déi Däitsch géife sech erginn, ass et emol richteg lassgaang. Si haten en iwwerraschenden Ugrëff gemaach an hunn ugefaang mat Schéissen. Doduerch ass vill zerstéiert ginn, an et sinn déck vill Leit em d’Liewe komm.

F. + N.: Wat hues du du gemaach?

J. S.: Mir hunn eis an de Keller zréckgezunn. Do hu mir dunn vum 16. Dezember bis den 23. Januar gehaust.

F. + N.: Waren och nach aner Leit am Keller?

J. S.: Jo, et waren och nach aner Leit do. Dat ganzt Duerf souz am kale Keller. Mir waren zou 25 bis 30 Leit am Keller.

F. + N.: Ass ee vun denge Frënn oder een aus denger Famill ëm d’Liewe komm?

J. S.: Jo, mäi beschte Frënd krut e Splitter an de Kapp. Hien ass awer nach net direkt gestuerwen, hien huet nach e puer Joer gelieft. Et gouf och nach en aneren am Duerf verwonnt. Hien ass dëst Joer awer eréischt gestuerwen.

F. + N.: Hues du vill Läiche gesinn?

J. S.: O jo, där hunn ech immens vill gesinn. Ech hunn der vill ze vill gesinn. Ech hunn der vun amerikaneschen an däitschen Zaldote gesinn. Dat war schrecklech.

F. + N.: Wéi hues du deemols geschafft?

J. S.: Mir hunn d’Véi gefiddert. Mir konnten zwar net oft erausgoen, well soubal d’Zaldoten eis gesinn hunn, hu se ugefaang op eis ze schéissen.

F. + N.: Mat weem hues du geschafft?

J. S.: Ech hat mat menger Mamm a menger Schwëster eleng geschafft. Mäi Papp hat sech duerch d’Bascht gemaach, wéi de Krich ugaang ass. Nom Krich koum en awer erëm zréck bei mech a meng Schwëster a meng krank Mamm.

F. + N.: Hunn och nach Kniecht um Haff gewunnt?

J. S.: Während der Ardennenoffensiv war eigentlech kee Kniecht bei eis. Virdrunn war e Kniecht hei, mee deen ass geflücht, wéi d’amerikanesch Zaldote koumen. Dee Kniecht war nämlech en Däitschen. Wéi de Kniecht fort war, war ech am Fong eleng, mat engem Kolleg vu mir. Bei eisen Noperen waren awer nach Kniecht.

F. + N.: Wéi hues du Krëschdag gefeiert?

J. S.: Mir hu Krëschdag am donkle, kale Keller verbruecht. Op eemol stoungen dann déi däitsch Zaldoten virun eiser Dir mat engem Krëschtbeemchen, deen se dunn am Keller opgeriicht haten. Ennert deene puer Zaldoten war och een, deen hat Mondharmonika gespillt. Si soten, si wëllte gär mat eis Krëschdag feieren. Mee a Wierklechkeet ass et hinnen nëmmen drëm gaang, mat eis kënnen ze schwätzen, wéi déi amerikanesch Zaldote wiren. Si hätten sech esou gären erginn, mee si woussten net, wéi d’Amerikaner mat hinne wieren. Dowéint wollte si mat eis a Kontakt kommen. A wéi si eis gefrot hunn, wéi d’Amerikaner mat eis wieren, sote mir, si wiere ganz frëndlech a fein mat eis gewiescht a si hätten och däitsch Zaldote gefaange gehalen. A fir Nuechtiessen hu mir mat den däitschen Zaldoten eng vun eise fette Kéi geschluecht.

F. + N.: Wéi bass du an der Ardennenoffensiv op d’Toilette gaang?

J. S.: Mir haten e grousst Lach an de Buedem gegruewen an dunn hu mir en alen hëlzene Stull driwwergestallt. An der Mëtt vum Sëtz hu mir ee Lach gemaach. Du musst ee sech op de Stull setzen an duerch d’Lach maachen. Eng komesch Iddi, wann een dat mat de modernen Toilette vergläicht.

F. + N.: Haten d’Zaldoten och esou eng Toilette?

J. S.:Nee, si hate sech aner Toilette gemaach. Si haten zwee Péil iwwerenee gekräizt, dat hu se gläich nach eng Kéier gemaach, an zum Schluss hu se nach en décke Poul driwwer gemaach.

F. + N.: Huet et dann net gestonk, wann der fäerdeg waart?

J. S.: Nee, gestonk huet et net esouvill, well esoubal mir fäerdeg waren, hu mir d’Lach ganz schnell zougebuddelt.

F. + N.: Wéi huet dir iech deemols gewäsch?

J. S.: Wa mir Waasser haten, hu mir eis ganz schnell nëmmen d’Gesiicht gewäsch. Mir haten eis och nët all Dag gewäsch.

F. + N.: Op wat hues du am Keller geschlof?

J. S.: Mir haten alleguer op Hee geschlof.

F. + N.: Wéi huet dir är Kleeder gewäsch?

J. S.: Während der Ardennenoffensiv hu mir keng Zäit gehat, eis Kleeder ze wäschen. An et war villzevill geféierlech.

F. + N.: Wat war dat Schlëmmst, wat’s du am Krich erlieft hues?

J. S.: Et gouf vill Schlëmmes, un dat ee sech erënnert, zum Beispill wann ee gesinn huet, wéi d’Kéi an di aner Déieren um Bauerenhaff futti gaang sinn, oder wann een all déi Schied gesinn huet, déi de Krich eis hannerlooss hat. An eng vun de Schlëmmste Saachen war, wann ee gesinn huet, wéi e gudde Kolleg gestuerwen ass oder wéi d’Leit vun den Nazië behandelt goufen. Si duerften net soe wat si wollten.

F. + N.: Gët et nach eppes an denger Wunneng, wat dech un de Krich erënnert?

J. S.: ‘t ass nach ëmmer vill, wat een un de Krich erënnert. All Dag begéint een eppes Neies, wat een un dat schrecklecht Erliefnes erënnert. Zum Beispill ginn et iwwerall nach Splitter vun de Granaten. Wann een am Bësch un engem Baam seet, da mécht d’See op eemol jiiiii, dann huet een e Stéck Eisen vun enger Granat fonnt. A bei eis an der Stuff am Schaf, do ass nach ee ganz spatze Splitter. Do muss ee ganz gutt oppassen, dass ee sech d’Fangeren net drunn opräisst, esou spatz ass deen.

F. + N.: Wéi al wars du, wéi de Krich eriwwer war?

J. S.: Ech war 17 Joer al, wéi de Krich endlech eriwwer war.

F. + N.: Wien huet dir an denger Famill beim Opbau vum Haus gehollef?

J. S.: Et ware vill Leit am Duerf, déi esou fei waren a mir a menger Famill beim Opbaue vum Daach gehollef hunn.

F. + N.: Wéi hues du d’Befreiung gefeiert?

J. S.: Meng Famill an ech hate guer net gefeiert. Mir hate keng Zäit. Mir wollten direkt erëm ufänken, eist Haus ze flécken.

F. + N.: Merci fir dësen Interview.