Histoprim - Geschichtsunterricht Online
  Zur Lehrerseite l Zur Schülerseite l Links l Arbeitsgruppe Geschichte
 

Lehrerseite
Inhalte
-

Lascaux lll

-

Steinzeit Workshop

Interaktiv
Publikationen
Links/Infos
Geschichtsdidaktik
Zurück

KAPITEL 2: INTERVIEW IWWERT EISE PROJET "LASCAUX III"

Julie: E Méinden de Moie si mir zu Fouss op d'Fautelfiels gaangen d'Fautelfiels, dat as e Fiels am Luerenzweiler Bësch mat engem Fändel vu Lëtzebuerg drop an du ware mir méi ënne bei de Fielsen, do hu mer jiddwerengem eng Plaz erausgesicht, an du hu mer d'Faarwen opgedeelt, an du hu mer s'an Eerkartrong gemaach, an du hu mer ugefaang mat molen.

Martine: Also fir déi Faarwen do hu mer zum Beispill Buedem geholl, an du mat Waasser a mat Eegiel vermëscht. Fir déi schwaarz Faarf hu mer Kuel geholl, erëm Waasser an Eegiel, fir wäiss hu mer Kräid mat Waasser an Ee vermëscht, a mat Vullekiischten an Tomaten hu mer rout Faarf gemaach, a mat Curry giel. Du hu mer dat a Glieser gefëllt, an herno hu mer et verdeelt.

Firwat hut der da keng normal Waasserfaarwe geholl?

Sarah: Well mir wollten dat esou maache wéi d'Uermënschen, déi hun nëmme Saachen aus der Natur geholl. A mir wollten dat dann eben nomaachen.

Wéi war dat dann fir do op d'Fielsen ze molen?

Jérôme: Dat war ganz flott, well do konnt een erop kloteren wou ee wollt, an da konnt ee sech sou richteg fille wéi sou en Uermënsch. An ech fannen, ech wéilt och gär esou een Uermënsch sin.

Mengt der dann, d'Liewe wär einfach gewiescht fir déi Mënschen?

Julie: Also ech mengen nët, well wéi mir schon nëmmen drop gemoolt hun, dat war awer schwéier, well 't ware Knuppen an de Fielsen. Dat war scho schwéier genuch. An et war kal, ech hat d'Fangeren äiseg kal.

War dat da liicht fir bei déi Fielsen ze kommen?

Tiago: Nee, well mir misste biergop goen, an da si mer meeschtens erof gerutscht, an e puer déi hu gefaart.

Wéi hues du et dann zum Beispill gemaach fir bei déng Plaz ze kommen, wou s de gemoolt hues?

Tiago: Ma ech hu mech un de Beem ugehal, an dann un de Fielsen erop gezunn bis dass ech u méng Plaz ukoum. Do war e klengt Lach, do hun ech mäi Fouss dra gestallt, an dann deen anere Fouss géint d'Mauer; esou sin ech nët erof gerutscht.

Frank: Ech war zwëschen zwee Fielsen, zesumme mat engem anere Jong.

A wat hues du gemoolt?

Frank: Ech hun ee Büffel gemoolt.

A wéi hues de d'Faarwen erausgesicht fir dat ze maachen?

Frank: Virdrun hun ech ee Bild op ee Blat gemoolt, a wéi mer dunn um Fautelfiels waren, hun ech do d'Faarwen erausgesicht.

Nádia: Ech hun och ee Büffel gemoolt; ech hu schwaarz, brong, rout a wäiss geholl. Mat rout hun ech gemoolt, well ee Mann op hie geschoss huet ... an duerno huet de Büffel dem Mann wéi gedon, an en as eben da gestuerwen.

Kim: Ech hat e Mammut gemoolt, an do hat ech d'Faarwen e bëssen duerchernee geholl; zum Beispill rout, giel a wäiss. Jo, an nach schwaarz.

Armelle: Ech hat en Hirsch gemoolt. E schwaarzt Geweih, a rout Faarf mat Curryfaarf esou gemëscht, dat as d'Kierperfaarf gin. An ech sin nach jhust fäerdeg gin.

NEXT








© 1998 - 2003 Histoprim