Histoprim - Geschichtsunterricht Online
  Zur Lehrerseite l Zur Schülerseite l Links l Arbeitsgruppe Geschichte
 

Lehrerseite
Inhalte
-

Lascaux lll

-

Steinzeit Workshop

Interaktiv
Publikationen
Links/Infos
Geschichtsdidaktik
Zurück

LASCAUX III

Ee Geschichts-Projet vum 5. Schouljoer vu Luerenzweiler

(Responsabel: G.Pfeiffenschneider)

Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë

Inhalt:

Kapitel 1: Wéi Lascaux entdeckt gouf

Kapitel 2: Interview iwwert eise Projet "Lascaux III"

Kapitel 3: Kinder als Höhlenmaler: Schriftliche Berichte

Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë

KAPITEL 1: WEI LASCAUX ENTDECKT GOUF

An der Steenzäit, viru ronn 15000 Joer, gouf et bei ons an Europa scho Mënschen, an déi hun ons och schon zimmlech geglach. Mee si hun natierlech ganz anescht gelieft wéi mir.

Et as nët einfach eppes iwwert dës Mënsche gewuer ze gin, well si eis keng Bicher oder aner Schrëftstécker hannerlooss hun. Alles wat mer iwwert se wëssen, liese mer aus dene Spueren eraus, déi mir zoufälleg vun hinne fannen, zum Beispill

  • hir Schanken
  • hiert Geschier
  • hir Waffen
  • an hir Biller!

D'Steenzäitmënsche waren nämlech nët nëmme Sammler a Jeër, mee ausserdeem groussaarteg Kënschtler! Op ville Plaze vun der Welt goufen hir Biller entdeckt. Eng vun dene bekanntesten as a Südfrankräich. Besonnesch un dëser Plaz as, dass si vu Kanner fonnt gouf. D'Sarah Didden erzielt der wéi dat gaangen as:

Et ware mol véier Jongen, dat waren de Jacques, de Marcel, de Georges an de Simon, an déi sin ëmmer mat hirem Hond an e Bësch spadséiere gaang, an dat war 1940 a Südfrankräich, an der Géigend vum Hiwwel Lascaux. An dunn een Dag, wéi si spadséiere waren, hun si gemierkt, dass op eemol hiren Hond verschwonne war. Si hu geduecht, dat kann dach nët sin, wat maache mer dann, an dunn huet de Simon deem huet den Hond gehéiert emol gepaff, well e wosst, dass den Hond dann normalerweis ëmmer zréck kënnt; an en as awer nët komm.

Wéi se dunn nom Hond gesicht hun, hun se op eemol sou e Lach fond, du hun se geduecht, wat as dat dann ... vläicht as en do dra gefall. Du sin se do mol era kucke gaangen ... Also 't war als éischt ee Jong era gekroch, dat war de Marcel, an dunn op eemol as hien erof gefall; en huet gemierkt dass en iergendwéi ënne war, mee e wousst nët wou e war, an 't war ganz däischter. An du hun se lues gemaach, an déi dräi aner Jonge kruten en nees eraus, mee vum Hond gouf et nach keng Spuer.

Du sin se heem gaang, an deen aneren Dag sin se dann nach eng Kéier gaang, an se haten Täscheluuchten an alles matgeholl, an du sin se nach eng Kéier erof gaangen, an dunn hun se gesinn, dass do elauter Biller op der Mauer gemoolt waren. Si ware mol als éischt iwwerrascht, an e bësschen derno as och den Hond, de Robot, erëmkomm.

Wat fir Déiere waren dat, do op denen Hielen?

Also dat ware Büffelen, Hirschen, Nashörner a Päerd. An déi waren eigentlech ganz flott gemoolt, mee wat hinnen opgefall as, war een Déier, dat huet ee Mënsch ugegraff, an d'Déier as ganz schéin a propper gemoolt gin, mee de Mënsch as nëmme mat e puer Strécher gemoolt gin; an dat hun d'Jongen einfach nët verstanen.

An de Mënsch hat och e komesche Kapp ...

Jo, en hat e Vugelskapp. An dunn huet awer ee gesot, mir mussen engem Bescheed soen iwwert dat, wat mer hei gesin hun. Du sin se dann op d'Iddi komm, fir den Här Laval (dat as hire Schoulmeeschter) ze froen, an deen aneren Dag as hien da mat hinne gaangen.

Merci, Sarah.

Dës Geschicht as nët erfonnt, mee wierklech geschitt. D'Hielemolereie vu Lascaux si mëttlerweil weltberühmt. Dausende vu Mënschen hu sech d'Hiel ugekuckt. Den Undrang as esou grouss gin, dass se huet missen no e puer Joer zougemaach gin, well den Otem vun dene ville Besicher ugefaang huet, déi kriddeleg Biller ze beschiedegen, déi esou laang geschützt an hierer Hiel waren.

D'Fro, déi sech natierlech stellt as: Firwat hun d'Steenzäitmënschen dës Biller gemoolt? Eng definitiv Äntwert dorop gët et leider nët, well wéi gesot, mir hu jo keng Bréiwer oder Bicher aus där Zäit, déi eis kënnten d'Grënn beschreiwen. Mir mussen also roden. De Jérôme Junker présentéiert der hei e puer vun de méiglechen Äntwerten:

  • Déi Hielemolereie si vläicht dofir gemaach, fir dass d'Urzäitmënschen sech d'Zäit verdreiwe konnten, wa se näischt ze maachen haten
  • oder si hun Déieren, déi se erluegt haten, un d'Mauer gemoolt, fir hire Kanner vun der Juegd ze erzielen
  • oder si hun eppes fir d'Déier gemoolt, fir him merci fir säi Fleesch ze soen, a fir dass séng Séil soll weiderliewen
  • oder si wollten eis soen: Kuckt, esou eng Déiere gouf et zu eiser Zäit wann s'emol eng Kéier sollten ausstierwen
  • si wollten och vläicht, dass d'Bild vun deem Déier, dat se gemoolt hun, hinne bei der Juegd Gléck bréngt

Intressant as et natierlech elo, wann ee probéiert, sech selwer an esou ee Steenzäit-liewen ze versetzen an an eng Hiel Déiere mole geet. A genee dat huet am Februar 2000 ee 5. Schouljoer vu Luerenzweiler gemaach.

Mir hun dee Projet "Lascaux III" genannt, well et Lascaux I an II scho gët. Lascaux I as d'Original-Hiel a Südfrank-räich, a Lascaux II as eng nogebaute Versioun fir déi vill virwëtzeg Touristen, déi wéinst hirem schiedlechen Otem nët méi an déi éischt Hiel eragelooss gin.

D'Kanner erzielen dir elo selwer, wéi hire Projet verlaf as.

Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë Ë

NEXT




© 1998 - 2003 Histoprim