Histoprim - Geschichtsunterricht Online
  Zur Lehrerseite l Zur Schülerseite l Links l Arbeitsgruppe Geschichte
 

Lehrerseite
Inhalte
Interaktiv
Publikationen
Links/Infos
Geschichtsdidaktik
Zurück

Radiosemissioun: DE KLËPPELKRICH

DES RADIOSEMISSIOUN GOUF
DE 29. ABREL 1998,
MOIES UM 8.30 AUER
UM SOZIOKULTURELLE SENDER 100,7
AM KADER VU SCHOULEN OP ANTENN BRUECHT.

Int.1:

Gudde Moien léif Nolauschterer aus dem ganze Land. Haut mëllt sech erem dat Consthumer 6. Schouljoer aus dem héiche Norden. Mir wëllen dës Kéier eng Zäitrees mat iech ënnerhuelen,déi genau 200 Joër no hanne wärt goën. Virun zweehonnert Joer war nämlech hei op diem Gebitt, wat elo Lëtzebuerg heescht de Klëppelkrich. Dat onofhängegt Lëtzeburg, dat mir haut kennen gouf et deemools nach net.

Bis 1795 huet eis Géigent den Éisträicher gehéiert, an dono de Franzousen. An et war genau mat diene Fransouse, mat diene sëch eis Baueren ugeluecht hun.

Nëmmen elo geet et iewer e bësse séier. Also, dier frot iech villäicht, wou sech esou jonk Leit dann haut nach kënne mat eppes oofgin, wat schon esou lang zréckläit. Ma dat as séier erklärt: éischtens as de Klëppelkrich selwer eng spannend Geschicht, déi mer iech elo geschwënn verziele wëllen. Zweetens kann een aus all Geschicht emmer eppes léieren, wat mir beim Klëppelkrich alles geléiert hun, dat git der dono gewuer. Drëttens kann een sech bei dëser Geschicht gutt ameséieren, wëll dëst Joër eng Rei Fester organiséiert gin, wou un de Klëppelkrich vu virun 200 Joer erennert gett.

Ier mir elo e bësse Musik lauschteren,wollte mir iech iewer och nach soën, dat zum Schluss vun dëser Emissioun e Quiz presentéiert get, an dat dir dobäi kënnt e Buch gewannen, dat och mam Klëppelkrich ze don huet.



Weider




© 1998 - 2003 Histoprim