|
|
De Klëppelkrich haut: eng Emfro!
De Klëppelkrich? Jo, natiirlech hun ech schon eng Kéier vum Klëppelkrich héieren.
Wéini?? Oh, do misst ech emol nokucken...
Wien? Ma d'Lëtzebuerger géint ... ehm,... t'jo...ech weest et net richteg!
Firwaat? Ma lauschter emol, dat do si jo iewer ganz schwéier Froen...
Esou war et bei eis an der Schoul, wéi mir fir d'éischt iwert de Klëppelkrich geschwat hun:
Jiddereen hat dat Wuert Klëppelkrich schon eng Kéier héieren, mee kee konnt eppes domat ufänken!
Also hu mir eis geduecht, et misst een eng Emfro man, fir éischtens emol eppes iwert dee komesche Krich gewuer ze gin, an zweetens erauszefannen, wat d'Leit nach haut iwert de Klëppelkrich wëssen.
Mir hu bei eis am 6. Schouljoer zu Consthum eng Emfro bei de Leit aus Consthum, Holzthum, Houschend an der Houschter-Déckt gemach. All Kéiers hu mir 5 Leit aus all Uertschaft gefrot.
Vun denen 20 Leit hun se alleguerten schons eng Kéier den Ausdrock Klëppelkrich héieren, dräi konnten een Detail nennen (wien géint wien gekricht huet, oder a wéi engem Joerhonnert et war) a nëmmen zwee haten méi Informatiounen. Hei kënnt der klicken, fir déi Geschichten ze liesen.
Mir hun iewer och nach aner Artikele fond, iwert esou Emfroen. Dës Informatiounen decken sech total mat de Resultater déi d'Beate Kolb zu Arzfeld an der Eifel kritt huet. Hat as eng Gymnasiastin aus Stalbach bei Lichtenborn, an hat huet dës Emfro a séger Géigend gemach:
Jeder der Befragten hatte schon mal was vom Klëppelkrich gehört, sechs haben ihr Wissen aus der Schule, die anderen aus Büchern und Erzählungen. Das exakte Datum konnte mir keiner sagen, nur vier Personen wussten das korrekte Jahrhundert, die anderen sagten mir ein falsches, bzw. überhaupt nichts. Wer gegen wen gekämpft hat, wussten nur die älteren Leute: Die Grüunde für den Kampf wurden entweder nicht gewusst, waren falsch oder sekundär. Die Konskription, die Hauptursache war, wusste keiner.
Die älteren Leute konnten alle einen Ort angeben, in dem eine Schlacht stattgefunden hat. Bei den jungen Leuten gab nur einer eine richtige Antwort, eine Region war völlig falsch, und die anderen konnten diese Frage gar nicht beantwortrn. Alle, ausser einem, wussten, was der name Klöppelkrig bedeutet...
Zusammenfassend kann man sagen, dass die älteren Leute mehr über den Klëppelkrich wissen als die jüngeren: Ich war über die Unwissenheit, was heimatliche Geschichte angeht, sehr überrascht.
Esou, an dofir wëlle mir, mat iech zesummen, elo eppes géint dës ONWESSENHEET ënnerhuelen.
Gitt dier och bei iech an 'Duerf a frot no bei de Leit, wat si nach vum Klëppelkrich wessen.
Mailt eis är Resultater oder schreiwt eis u folgend Adress:
6. Schouljoer Consthum
9,rue Kemel
L-9831 Conthum
Mir setzen dës Informatiounen op eis Homepage dobei, a lues a lues kënnt esou eng weider flott Informatiounsquell iwert de Klëppelkrich entstoen. Wann dier besonnesch cool Geschichte gezielt kritt, da kënnt dir eis se jo och schécken. Wéi fand dier dës Iddi?
|