Den 2. Weltkrich
Mir
maachen en Interview
Dësen Interview gouf mam Jos Sinner gemaach.
Hien ass Bauer a wunnt elo nach ëmmer um Bauerenhaff zou Longsdorf. Hien ass
mëttlerweil 74 Joer al a scho sechsmol Bopa. Seng Mamm ass kuerz nom Krich
gestuerwen.
Fränzy an
Nathalie
F. + N.: Wéi al
wars du, wéi de Krich ugefaang huet?
J. S.: Ech war
ongeféier zwielef oder dräizéng Joer al.
F. + N.: Wéi war
et dann am Ufank, wéi déi Däitsch do waren?
J. S.: Eng Zäit
war et nach relativ normal. Et ass alles esou virugelaf, wéi ëmmer. Mee mat der
Zäit goufen déi Däitsch ëmmer méi streng.
F. + N.: Wéi hues
du deemols gelieft?
J. S.: Relativ
normal. Et musst een zwar extra Kaarten hunn fir Liewensmëttel ze kafen.
Natierlech gouf et net alles ze kafen, wat et haut gët. Et musst ee souguer Kaarten
hunn fir Tubak ze kafen. Wann ee Pech hat a seng Ticketen net méi erëmfonnt
huet, krut een näischt fir ziessen.
F. + N.: Wat huet
sech fir dech geännert?
J. S.: Am Ufank
net vill, well du gouf jo nach net op dHeiser geschoss. Mee duerno gouf leider
immens vill zerstéiert.
F. + N.: Bass du
am Krich an dSchoul gaang?
J. S.: Jo, während
dem Krich sinn ech an dSchoul gaang. Während der Ardennenoffensiv natierlech
net. An der Schoul hu mir dunn den däitsche Stonneplang gemaach. Ech war
deemols am siwente Schouljoer. Duerno sinn ech an dAckerbauschoul gaang.
F. + N.: Hues du
och an der Schoul giess?
J. S.: Jo, ech
hunn do giess. Natierlech hunn ech während dem Krich net esou gutt giess ewéi
haut. Ech war am Internat. Just Samsdes konnte mir heemgoen. An der Schoul
krute mir leider all Dag nëmme Gromperen ziessen, an dat war de ganze Krich
esou.
F. + N.: Wou bass
du an dSchoul gaang?
J. S.: Am Ufank
sinn ech hei zou Longsdorf an dSchoul gaang. Duerno sinn ech, wéi scho gesot,
an dAckerbauschoul gaang. Deemols hu se déi Landwirtschaftsschule genannt. Ech
hunn do ganz vill Leit ouni Fouss, Hand, Been oder Aarm gesinn, déi an der
Hoffnung dohinnergaang sinn, ee gudde Beruff kënnen ze léieren.
F. + N.: Wéi war
et, wéi dAmerikaner komm sinn?
J. S.: Wéi dAmerikaner
komm sinn, ass nët weider vill geschoss ginn. Si koumen eréischt ufangs
September 1944 fir eis ze hëllefen.
F. + N.: Wéini
huet dArdennenoffensiv ugefaang?
J. S.: De 16.
Dezember 1944 huet se ugefaang.
F. + N.: Wat ass
dArdennenoffensiv iwwerhaapt?
J. S.: Wéi scho
jidderee geduecht huet, déi Däitsch géife sech erginn, ass et emol richteg lassgaang.
Si haten en iwwerraschenden Ugrëff gemaach an hunn ugefaang mat Schéissen.
Doduerch ass vill zerstéiert ginn, an et sinn déck vill Leit em dLiewe komm.
F. + N.: Wat hues
du du gemaach?
J. S.: Mir hunn
eis an de Keller zréckgezunn. Do hu mir dunn vum 16. Dezember bis den 23.
Januar gehaust.
F. + N.: Waren och
nach aner Leit am Keller?
J. S.: Jo, et
waren och nach aner Leit do. Dat ganzt Duerf souz am kale Keller. Mir waren zou
25 bis 30 Leit am Keller.
F. + N.: Ass ee
vun denge Frënn oder een aus denger Famill ëm dLiewe komm?
J. S.: Jo, mäi
beschte Frënd krut e Splitter an de Kapp. Hien ass awer nach net direkt
gestuerwen, hien huet nach e puer Joer gelieft. Et gouf och nach en aneren am
Duerf verwonnt. Hien ass dëst Joer awer eréischt gestuerwen.
F. + N.: Hues du
vill Läiche gesinn?
J. S.: O jo, där
hunn ech immens vill gesinn. Ech hunn der vill ze vill gesinn. Ech hunn der vun
amerikaneschen an däitschen Zaldote gesinn. Dat war schrecklech.
F. + N.: Wéi hues
du deemols geschafft?
J. S.: Mir hunn
dVéi gefiddert. Mir konnten zwar net oft erausgoen, well soubal dZaldoten eis
gesinn hunn, hu se ugefaang op eis ze schéissen.
F. + N.: Mat weem
hues du geschafft?
J. S.: Ech hat mat
menger Mamm a menger Schwëster eleng geschafft. Mäi Papp hat sech duerch
dBascht gemaach, wéi de Krich ugaang ass. Nom Krich koum en awer erëm zréck
bei mech a meng Schwëster a meng krank Mamm.
F. + N.: Hunn och
nach Kniecht um Haff gewunnt?
J. S.: Während der
Ardennenoffensiv war eigentlech kee Kniecht bei eis. Virdrunn war e Kniecht
hei, mee deen ass geflücht, wéi damerikanesch Zaldote koumen. Dee Kniecht war
nämlech en Däitschen. Wéi de Kniecht fort war, war ech am Fong eleng, mat engem
Kolleg vu mir. Bei eisen Noperen waren awer nach Kniecht.
F. + N.: Wéi hues
du Krëschdag gefeiert?
J. S.: Mir hu
Krëschdag am donkle, kale Keller verbruecht. Op eemol stoungen dann déi däitsch
Zaldoten virun eiser Dir mat engem Krëschtbeemchen, deen se dunn am Keller
opgeriicht haten. Ennert deene puer Zaldoten war och een, deen hat
Mondharmonika gespillt. Si soten, si wëllte gär mat eis Krëschdag feieren. Mee
a Wierklechkeet ass et hinnen nëmmen drëm gaang, mat eis kënnen ze schwätzen,
wéi déi amerikanesch Zaldote wiren. Si hätten sech esou gären erginn, mee si woussten
net, wéi dAmerikaner mat hinne wieren. Dowéint wollte si mat eis a Kontakt
kommen. A wéi si eis gefrot hunn, wéi dAmerikaner mat eis wieren, sote mir, si
wiere ganz frëndlech a fein mat eis gewiescht a si hätten och däitsch Zaldote
gefaange gehalen. A fir Nuechtiessen hu mir mat den däitschen Zaldoten eng vun
eise fette Kéi geschluecht.
F. + N.: Wéi bass
du an der Ardennenoffensiv op dToilette gaang?
J. S.: Mir haten e
grousst Lach an de Buedem gegruewen an dunn hu mir en alen hëlzene Stull
driwwergestallt. An der Mëtt vum Sëtz hu mir ee Lach gemaach. Du musst ee sech
op de Stull setzen an duerch dLach maachen. Eng komesch Iddi, wann een dat mat
de modernen Toilette vergläicht.
F. + N.: Haten
dZaldoten och esou eng Toilette?
J. S.:Nee, si hate
sech aner Toilette gemaach. Si haten zwee Péil iwwerenee gekräizt, dat hu se
gläich nach eng Kéier gemaach, an zum Schluss hu se nach en décke Poul driwwer
gemaach.
F. + N.: Huet et
dann net gestonk, wann der fäerdeg waart?
J. S.: Nee,
gestonk huet et net esouvill, well esoubal mir fäerdeg waren, hu mir dLach
ganz schnell zougebuddelt.
F. + N.: Wéi huet
dir iech deemols gewäsch?
J. S.: Wa mir
Waasser haten, hu mir eis ganz schnell nëmmen dGesiicht gewäsch. Mir haten eis
och nët all Dag gewäsch.
F. + N.: Op wat
hues du am Keller geschlof?
J. S.: Mir haten
alleguer op Hee geschlof.
F. + N.: Wéi huet
dir är Kleeder gewäsch?
J. S.: Während der
Ardennenoffensiv hu mir keng Zäit gehat, eis Kleeder ze wäschen. An et war
villzevill geféierlech.
F. + N.: Wat war
dat Schlëmmst, wats du am Krich erlieft hues?
J. S.: Et gouf
vill Schlëmmes, un dat ee sech erënnert, zum Beispill wann ee gesinn huet, wéi
dKéi an di aner Déieren um Bauerenhaff futti gaang sinn, oder wann een all déi
Schied gesinn huet, déi de Krich eis hannerlooss hat. An eng vun de Schlëmmste
Saachen war, wann ee gesinn huet, wéi e gudde Kolleg gestuerwen ass oder wéi
dLeit vun den Nazië behandelt goufen. Si duerften net soe wat si wollten.
F. + N.: Gët et
nach eppes an denger Wunneng, wat dech un de Krich erënnert?
J. S.: t ass nach
ëmmer vill, wat een un de Krich erënnert. All Dag begéint een eppes Neies, wat
een un dat schrecklecht Erliefnes erënnert. Zum Beispill ginn et iwwerall nach
Splitter vun de Granaten. Wann een am Bësch un engem Baam seet, da mécht dSee
op eemol jiiiii, dann huet een e Stéck Eisen vun enger Granat fonnt. A bei eis
an der Stuff am Schaf, do ass nach ee ganz spatze Splitter. Do muss ee ganz
gutt oppassen, dass ee sech dFangeren net drunn opräisst, esou spatz ass deen.
F. + N.: Wéi al
wars du, wéi de Krich eriwwer war?
J. S.: Ech war 17
Joer al, wéi de Krich endlech eriwwer war.
F. + N.: Wien huet
dir an denger Famill beim Opbau vum Haus gehollef?
J. S.: Et ware
vill Leit am Duerf, déi esou fei waren a mir a menger Famill beim Opbaue vum
Daach gehollef hunn.
F. + N.: Wéi hues
du dBefreiung gefeiert?
J. S.: Meng Famill
an ech hate guer net gefeiert. Mir hate keng Zäit. Mir wollten direkt erëm
ufänken, eist Haus ze flécken.
F. + N.: Merci fir
dësen Interview.