Herold: Haut ass Geriichtsdag zou Buurschend virun
der Buerg, ënner enger décker Lann.
Zeen 12
Meier, Trein, 2 Scheffen, 2
Zaldoten, Henker, Duerfleit
(DDuerfleit
stinn hanner enger Rei Bänken an ënnerhalen sech lues. De Meier a seng Scheffen
komme feierlech eran an huelen op de Bänke Plaz.)
Meier (feierlech):
Dir Dammen an dir Hären! Eisen Här, de Ritter vu Buurschend, huet mir dVollmuecht
ginn, hei zou Geriicht ze sëtzen iwwer dFeultges Trein, Wittfra vu Welschend.
Hatt ass beschëllegt eng Hex ze sinn, mam Däiwel am Bond ze stoen an den anere Leit
geschuet ze hunn. Bréngt dUgekloten erbäi!
(2 Zaldoten féieren dTrein,
dHänn mat enger Kette gefesselt, eran.
Meier: Trein, deng Nopesch Kätt huet ausgesot, du wiers
mat engem Biesem aus dem Kamäin geridden. Bass du schëlleg?
Trein: Neen, ech sin net schëlleg. Ech ka guer net op
engem Biesem reiden. Awer dKätt ass eng eekleg Ligenesch. Hatt konnt mech nach
ni leiden.
Meier: Äntwer nëmmen op dat wats de gefrot gëss. Du gëss
beschëllegt, mam Däiwel an dBett gaang ze sinn. War et da wéinstens flott?
Trein: Wéi soll ech dat wëssen. Ech hunn den Däiwel nach
ni gesinn.
Meier: Du gëss beschëllegt, dGréit, dem Jemp seng Fra, vergëft
ze hunn, sou dass hatt kuerz drop gestuerwen ass. Bass du schëlleg?
Trein: Neen, ech sinn net schëlleg. Ech hunn him en einfachen
Téi géint Bauwéi ze drénke ginn. Kann ech derfir, wann deen näischt hëlleft?
Meier: Du gëss beschëllegt, eng Kou verhext ze hunn, sou
dass se näischt méi gefriess huet an och keng Mëllech méi ginn huet. Bass du
schëlleg?
Trein: Wann ech dat kënnt, da géif ech elo all är Kéi
verhexen, dass se ni méi Mëllech ginn.
Meier: Keng Drohungen, Trein! Dat kann dGeriicht net
zouloossen. Du gëss beschëllegt, de Bernhard Schmeltz gestouss ze hunn, an
duerno war hee krank. Bass du schëlleg?
Trein: Dir kënnt mir dach net dSchold ginn fir all Bobo,
deen dir huet. t schuet dem Schmeltz awer näischt, deem ale Knéckjang!
Meier: Du gëss beschëllegt, dem Steffen säi Pärd verhext
ze hunn, sou dass et den Dag drop futti gaang ass. Bass du schëlleg?
Trein: Ech sinn net schëlleg. Sou wéi de Steffen mat deem
aarmen Déier ëmgaang ass, ass et e Wonner dass et iwwerhaapt esou laang gelieft
huet.
Meier: Du gëss beschëllegt, dem Michel seng Kouhäerd
verzaubert ze hunn, sou dass se vill Schued am Jemp sengem Feld gemaach huet.
Trein: Dat ass dem Michel seng Schold. Dee war deen Dag
voll wéi de Männchen am Liicht an huet net op seng Kéi opgepasst.
Meier: Dir huet all héieren: DTrein leegent dBeschëllegungen,
déi géint hatt virbruecht gi sinn. Henker! (Den
Henker weist sech net.) Wou bleift den Henker dann? Huet en erëm zevill
Branntewäi gedronk?
Henker (kënnt
op dBühn): Hei sin ech!
Meier: Et as elo un dir, dTrein derzou ze bréngen, dWourecht
ze soen.
Henker: Dat maachen ech. Kuck Trein, wann ech fäerdeg
si mat dir, da gëss du alles zou, wats de virgeworf kriss. Dat ass esou
sëcher, wéi ech hei stinn.
Ech hunn esou schéi kleng Schrauwen, déi
setzen ech dir un deng Fangeren. An dann dréinen ech zou. Schéi lues! A lues a
lues ginn deng Fangere platt, platt wéi e Sou. An du jäiz méi haart wéis du jeemols
am Liewe gejaut hues. Dat kann ech dir garantéieren.
Trein: Eng Brute bass du! E Mënscheschënner!
Meier: Keng Frechheeten. Den Henker mecht seng Aarbecht.
Gëss du zou, dass du eng Hex bass?
Trein: Neen, ech si keng Hex! Awer dir all sidd Däiwelen,
soss kënnt dir net esou grausam mat enger aler Fra sinn.
Meier: Henker, fuer virun.
Henker: Hunn dDaumeschrauwen dir gefall? Ech hunn
nach e puer schéi Spillsaache fir dech. Du kriss dHänn op de Réck gestréckt,
an da gëss dun den Hänn opgezunn. A fir et nach méi spannend ze maachen,
hänken ech dir e Gewiicht un dFéiss. Dat deet dengen ale Schanke gutt, dees
kanns de sëcher sinn.
(DTrein schléit dHänn
virun dGesiicht a kräischt.)
Meier: Trein, gëss du zou, dass du eng Hex bass?
Trein (jäizt iwwer
dem Kräischen): Neen! Neen! Ech si keng Hex!
Henker: An ech hun och nach Schung fir dech, ganz
zolitter, aus Eisen. Déi halen 1000 Joer. All Schung huet eng Schrauf. Wann ech
dodrunn dréinen, da ginn dSchung ëmmer méi kleng, ëmmer méi kleng. An deng
Féiss gin och ëmmer méi kleng, ëmmer méi kleng. Mat deene Schung kanns du
besser mam Däiwel danzen.
Trein (setzt sech
op dKnéien a jäizt): Neen! Maach dat net mat mir! Da stierwen ech léiwer.
Ech wëll net gefoltert gin. Jo, ech sinn eng Hex, wann dir dat gär esou hätt.
Awer foltert mech net, wann ech gelift!
Meier: Dir huet all héieren. DTrein gët zou eng Hex ze
sinn. Hatt bekennt sech selwer fir schëlleg. Elo wësse mir dWourecht. Am Numm
vun eisem Här, dem Ritter vu Buurschend, veruerteelen ech hatt zum Dout. Mar de
moien, ier dSonn opgeet, gët hatt op engem grousse Stouss Holz verbrannt.
Domat as dës Geriichtssëtzung eriwwer.
(DTrein gët ofgefouert. DLeit zerstreeë sech.)