Zeen 11
Meier, Liss
Liss (kënnt eran):
Wat war hei lass? Firwat waren déi vill Leit bei dech komm?
Meier: DLeit beschëllegen dTrein, hatt wier eng Hex. An
dBeschëllegunge sinn esou schlëmm, mir mussen him de Prozess maachen.
Liss: Endlech as emol erëm eppes lass am Duerf! A wat
geschitt da mam Trein senger Häip, mat senger Geess a mat senge puer Këppe
Land?
Meier: Dat gët nom Prozess verkaaft.
Liss: A wee kritt dann dat Geld?
Meier: Dat gët gedeelt. Den Här vu Buurschend kritt
eppes, dZeien, déi am Prozess géint dTrein aussoen kréien eppes, den Henker
kritt eppes, an esou weider.
Liss: An du als Meier kriss näischt?
Meier: Dach. Ech kréien souguer e gudde Batz dervun. Ech
hu jo och am meeschten Aarbecht dermat.
Liss: Cool! Da keefs du mir eppes Schéines. An déi aner
Fraaleit wäerten Ae maachen.
Meier: So, geet et mam Geescht? Ech hunn déi Suen
éierlech verdéngt! Déi gehéiere mir, mir alleng! Hues de verstanen!
Liss: Du bass esou egoistesch a bockeg! Firwat hunn ech
dech nëmme bestuet? Wéi konnt ech nëmmen esou domm sinn!
Meier: O-O-OK, du kriss dSuen.
Liss: Merci, mäi Schatzi! Ech ginn op Dickerech mir Duch
kafen. Duerno ginn ech bei de Schneider. Hie ka mir ee Kleed dermat maachen. An
dann hunn ech dat schéinste Kleed am ganzen Duerf.