Herold: De Meier ass de Vertrieder vum Här. Hien
ass de wichtegste Mann am Duerf. Mir sinn elo bei him doheem.
Zeen 10
Meier, Liss (seng Frau), Kätt,
Bernhard, Michel, Steffen, Jemp
(De Meier sëtzt beim
Dësch, seng Frau bréngt him dIessen.)
Liss: Wanns du mat Zäit hei gewiescht wiers, häss du mat
eis ziesse kritt.
Meier (ongedëlleg):
Ech kann dach net derfir. Wéi ech heem komme wollt, hunn dräi al Klaatsche mech
richteg iwwerfall. Si hu mir eng Geschicht erzielt vum Trein, vum Däiwel, vum
Biesem a vun Donnerwiederen. Ech hunn net alles verstan, awer ech mengen, déi
halen dTrein fir eng Hex.
Liss: Domat kënnte se recht hunn. Hatt ass mir net ganz
geheier. Awer iess elo. Et gët jo alles kal.
(De Meier wëllt
iessen, du klappt et.)
Meier: A wee kënnt dann elo nach stéieren?
(DLiss geet
opmaachen. DKätt kënnt eran. DLiss geet eraus.)
Kätt: Et deet mer Leed, ech wollt Iech net stéieren,
awer ech muss Iech dringend eppes soen!
Meier: Da so et schonn, an e bëssen dalli! Ech wëll mäi Bräi
waarm iessen.
Kätt: Et geet em dTrein. Hatt zaubert eis all Dag dEeër
aus dem Héngerstall. Ëmmer wann ech se wëll ophiewen, si se verschwonn. An dëslescht
hunn ech hatt gesinn, wéi hatt mam Biesem aus dem Kamäin bei den Däiwel geflunn
ass.
Meier: Jo, jo, ech wäert mech schonn drëm këmmeren. Awer
fir déischt iessen ech nach mäi Bräi. An elo géi heem.
Kätt (lues fir
sech, iwwer dem Erausgoen): t ass jo scho gutt, du ale Grandsak! Ech gi jo
schonn!
(DHausdier gët
opgestouss an de Bernhard stierzt eran. Dem Meier bleiwt de Mond opstoen.)
Bernhard: Moien, Här Meier! Entschëllegt, dass ech
einfach esou raplatzen, awer ech hunn ee Problem. Dat verfluchten Trein, dat
ass eng Hex! Dat Framënsch wëllt mir méng Suen net erëmginn, déi ech him
geléint hunn. Jo, hatt huet mech bei der Däiwel gewënscht. A vun deem Dag u sinn
ech krank.
Meier: OK, ech ënnerhuelen eppes géint déi Frau, awer
eréischt nom Iessen. Verschwann elo aus mengem Haus, ech wëll mäin Iessen net kal
gi loossen.
Bernhard: Da kann ech mech jo drop verloossen? Äddi
dann!
(Hie geet eraus, an
deeselwechte Moment kënnt de Michel eran. Ganz verschotert dréit hie säin Hutt
an der Hand. De Meier kuckt en entsat un.)
Michel (hien
tuddelt e bësse vun Opreegung): Meier, dat Trein ass eng Hex. Fir déischt
huet et meng ganz Häerd verjot. Si huet am Jemp sengem Feld vill Schued
gemaach. A wéi ech heem koum, war mäi Schwäi futti gaang. Et war dat eenzegt,
wat ech hat. (E jomert) A wéi soll
ech meng Kanner elo iwwer de Wanter bréngen?
Meier: Nondikassnamol! Elo geet et mer awer duer! Ech
wëll a Rou iessen! Eraus hei!
(De Michel geet ganz
erféiert eraus. Kaum ass hien dobaussen, klappt et erëm an de Steffen kënnt
eran. De Meier ergëtt sech a säi Schicksal.)
Steffen: Moien a gudden Appetit!
Meier (grommelt):
Has du Appetit gesot?
Steffen: Meier, mir hunn eng Hex am Duerf. Do musst
Dir eppes maachen. DTrein huet mäi Pärd verwënscht an du ass et futti gaang.
Wann dat esou weider geet, mécht hatt nach Heescheleit aus eis.
Meier (weist op den
Teller): Wees du wat dat hei war?
Steffen: Jo....????
Meier: Waarme Bräi. A weess du och, wat dat elo ass?
Steffen: Nee...???
Meier: Ma kale Bräi! Ech maachen alles, wats du gär häss.
Awer looss mech elo a Rou iessen.
Steffen: O entschëllegt! Awer Dir ënnerhuelt jo
eppes géint dTrein? (Hie geet eraus.)
DDier geet erëm
gläich op an de Jemp kënnt erageschlach. Hien hält e Schnappech virun dAen a
kräischt.)
Jemp: Mäi Gréit! Mäi Gréit ass elo just gestuerwen.
Meier (erféiert):
Wat ziels du do? Dat ass dach net méiglech!
Jemp: Hatt hat e puer Deeg de Bauch wéi. An elo ass hatt
dout. Awer vum Bauchwéi stierft een dach net! Dat ass dem Trein seng Schold. Hatt
huet him Téi ginn géint de Bauchwéi. An dunn ass et eréischt richteg schlëmm ginn.
Hatt huet meng Fra vergëft.
Meier (steet op,
geet op de Jemp zou a leet him dHand op dSchëller): Jemp, dat deet mir
Leed. Däint Gréit war esou eng fei Fra!
Jemp: Jo, Dir huet recht. hatt war zwar e bësse schaarf
an ech hat net vill ze soen doheem. Awer ech hätt keent bessert kënne fannen.
Meier: Elo muss eppes geschéien. Dat Trein ass eist
Verdiewen. Ech ginn direkt op dBuerg bei den Här. Da gët kuerze Prozess
gemaach mat där Hex. (Jäizt) Liss,
bréng mir mäin Hutt!
(De Jemp geet eraus. Hie kräischt nach ëmmer.)