Zeen 9
Michel (Hiert), Jemp
Jemp:
Hiert, komm mol heihin! Endlech hunn ech dech fond!
Michel:
(ängschtlech) Jo Bauer! Wat ass geschitt?
Jemp:
Maach net esou onschëlleg! Kanns du mol net op déi puer Kéi oppassen. Kuck wat
se ugeriicht hunn. Mäi ganzt Feld ass zerwullt.
Michel:
Mäi léiwe Bauer, et war net meng Schold. Ech hat dee Mëtteg fierchterleche
Bauchwéi kritt. Du koum grad dTrein laanscht. Ech hunn hatt gefrot, ob hatt ee
Moment op meng Kéi oppasse kéint. An där Zäit sinn ech séier hanner e Baam
gelaf. Et huet e bësse gedauert, well mäi Bauch huet wierklech vill wéi gedoen.
Wéi ech dunn zréckkoum, stong dTrein eleng do. Keng Kéi wäit a breet! Ech hunn
hatt gefrot, wou dKéi wieren. Hatt huet nëmmen a Richtung vun Ärem Feld gewisen.
Jemp:
Ech gleewen Dir kee Wuert. Ëmmer wëlls de deen anere Leit dSchold ginn.
Michel:
A wéi ech mech opgereegt hunn, huet hatt mech verwënscht. Der Däiwel soll dech
huelen huet et mir nogeruff. Vun do un deet mir de Réck wéi an ech sinn ëmmer midd.
Jemp: Esou kënns du mir net
dervun. Dat do mellen ech beim Meier.