Histoprim - Geschichtsunterricht Online
  Zur Lehrerseite l Zur Schülerseite l Links l Arbeitsgruppe Geschichte
 

Lehrerseite
Inhalte
-

Zeen 1

-

Zeen 2

-

Zeen 3

-

Zeen 4

-

Zeen 5

-

Zeen 6

-

Zeen 7

-

Zeen 8

-

Zeen 9

-

Zeen 10

-

Zeen 11

-

Zeen 12

Interaktiv
Publikationen
Links/Infos
Geschichtsdidaktik
Zurück
Dem Feultges Trein säin Hexeprozess
geschriwwen vum 6. Schouljoer vun Ettelbréck (2000/2001)
 

Zeen 8

Steffen, Klos

 

Steffen: Moie Klos! Et ass schéin, dech emol erëmzegesinn.

Klos. Moie Steffen! Wéi geet et dann?

Steffen: Ma net gutt. Hues du nach net héiere, wat mir geschitt ass?

Klos: Nee. Erziel!

Steffen: Mäi Päerd ass futtigaang. A wee gët mir elo dSuen, fir en anert ze kafen?

Klos: Däi Päerd? Viru 14 Deeg war et dach nach kärgesond! Wéi ass dat da gaang?

Steffen: Ech si mat mengem Päerd duerch dDuerf geridden. Et huet riichtera gereent an dStrooss war voll Bulli. Du koum dTrein mir entgéint. Am Aarm hat hatt e Kuerf, dee voller Kreider war. Grad wéi ech laanschtgeridde sinn, trëtt mäi Päerd an e Puddel an dTrein gët vun uewe bis ënne gesprutzt.

Klos: Sou wéi ech hatt kennen, huet dat him net gefall.

Steffen: Dat kanns de gleewen. Et huet mech vernannt Schëmmel a Bless. Der Däiwel soll dech huelen, dech an däi Päerd! huet et mir nogeruff.

Klos: Jo, dat passt bei dTrein.

Steffen: Fir déischt hunn ech näischt drop ginn. Awer owes fänkt mäi Päerd un ze keimen an ze houschten. Den aneren Dag war et futti.

Klos: Do ass eppes net normal.

Steffen: Dat hunn ech mir och geduecht. Ech goung gläich op Veianen. Do wunnt nämlech en ale Mann, dee sech genee mat Hexen auskennt. Deem hun ech dee ganze Fall duergeluegt.

Klos: A wat huet dee gesot?

Steffen: Hie sot gläich, dPäerd wir verhext ginn. An déi Hex, dat ass dTrein. Do sinn ech sëcher.

Klos: Et si vill Leit am Duerf, déi esou denke wéis du.

Steffen: Esou bal ech de Meier gesinn, da schwätzen ech emol mat him.

 

 





© 1998 - 2003 Histoprim