Herold: Welschend ass e klengt Duerf. Awer haut si
vill Leit ënnerwee. Mir begéinen der e puer dervun op der Stross.
Zeen 6
3 Klaatschen
(Klaatsch 1 a
Klaatsch 2 begéinen der Klaatsch 3 op der Strooss.)
Klaatsch 3: A wou gitt dir zwee da schonn esou fréi?
Klaatsch 2: Mir ginn an dFeld e puer Rommele siche fir
dKanéngercher.
Klaatsch 1: Wat gët et dann neits am Duerf?
Klaatsch 3: Ma gëscht ass mir eppes geschitt, dat kënnt
dir iech net virstellen.
Klaatsch 2: Maach et net esou spannend! Erziel!
Klaatsch 3: Ech wollt op dFeld an ënnerwee begéinen
ech dem Trein. Ech war grad a Gedanken a vergiessen him moien ze soen. Dat huet
mech awer beglotzt! Wéi e gestachene Bock! An owes krut ech décke Kappwéi. Deen
hat hatt mir bestëmmt ugehext.
Klaatsch 1: Da lauschter emol, wat mir passéiert ass!
Ech sinn him dëslescht begéint, wéi ech eis Kou op dWeed gedriwwen hunn. Ech
trauen him net, dofir war ech ganz frëndlech mat him. Dat war och net gebroden.
Ob ech de Geck géif mat him maachen, huet hatt mech ugegranzt. Meng Kou huet de
ganzen Dag näischt gefriess, an owes huet soch keng Mëllech ginn. Dat war dem
Trein seng Schold.
Klaatsch 2: Dat ass jo onerhéiert! Esou eppes daarf et
einfach net ginn.
Klaatsch 1: An dat ass nach net alles. Den aneren Dag
hun ech et zu Rieds gestalt. Du hätt dir mol sollen e rosend Framënsch gesinn!
Wat huet dat mir Frechheete gemaach! A wéi ech bei eist Feld koum, war en Trapp
Kéi derduerch gelaf. Dir kënnt iech jo virstellen, wat déi fir Schued gemaach
hun! Déi Kéi hat dTrein verhext.
Klaatsch 2: Dir kënnt iech jo nach un dat déckt Wieder
vun der leschter Woch erënneren.
Klaatsch 3: O jo! Wat hat dat Schued gemaach!
Klaatsch 2: Eng Stonn virdrun hat ech dTrein gesinn an
de Bësch goen. Do huet hatt sech bestëmmt mam Däiwel getraff. An déi zwee hunn
dDonnerwieder erbäigehext.
Klaatsch 3: Dat kann net esou weidergoen. DTrein ass
eng Hex. Hatt ass nëmmen drop aus fir den Duerfleit Schued ze maachen. Deem
darfe mir net nokucken.
Klaatsch 2: Du hues recht. Mar schécken ech mäi Mann
bei de Meier. Dee muss eppes ënnerhuelen.