Zeen 4
Trein (mat engem Kuerf),
Gréit, Jemp
(De Jemp an dTrein
kommen eran.)
Trein (rosen): Wat eng Frechheet!
Wéinst dengem Gréit kann ech meng Geess net fäerdeg sträichen!
Jemp:- Hal lo op ze meckeren! Kuck no menger kranker
Fra!
Gréit:-Aua.... Aahh...
Trein (geet bei dGréit): Da looss mech emol
frieden.
(DGréit jäizt vu
Péng. DTrein hëlt e puer Blieder aus sengem Kuerf)
Trein (zum Jemp):
Eng Zalättche brauch ech, an e bëssen dalli!
(Hatt grommelt fir
sech)
E puer... Blieder... Wuerzelen..... Kären
(Haart zum Jemp) An elo nach e
Schlupp Waasser!
(De Jemp reecht him
e Krou mat Waasser. DTrein schëtt e Schlupp an Zalättchen a grommelt eppes,
wat kee versteet.) - Ahhh...... ass... brrrrrrr... h...an lo, ...
(DGréit an de Jemp
bekucke sech ganz erféiert)
Jemp:- Gët meng Fra erëm gesond?
Trein (zum Gréit):
Drénk dat. Mar bass du erëm op de Been!
(DGréit drénkt)
Trein: An elo hätt ech gär mäi Loun!
Jemp: M... ma jo... wat dann?
Trein: Wat da wuel? Hä? Eppes zwëschen dZänn! Een Hung
hätt ech gär!
Gréit, Jemp: Een Hung?
Jemp: Hunn ech richteg héieren? Fir wéi räich häls du
eis? (Geet e Krou Mëllech sichen.)
Vläicht e bësse Mëllech oder e puer Eeër...?
Trein: Ah nee! Wat näischt kascht, dat ass näischt!
Jemp: Neen Trein, mir sin aarm.
Trein: Der Däiwel soll Iech huelen, knéckege Pak! (Hatt mécht eng Fauscht a geet rosen aus dem
Haus.)
Jemp: Oh mei, huet hatt dat do eescht gemengt?
Gréit: Aah... mäi Bauch!