Herold: Mir sinn beim Jemp
a beim Gréit doheem. Si sinn dem Trein seng Noperen.
Zeen 3
Gréit, Jemp (Nopere vum
Trein)
(DGréit sëtzt mat
Bauchwéi beim Dësch.)
Gréit: Aua! Aua! Jemp,...komm mol heihin!
Jemp (kënnt eran): Majo,... si jo
schon do!
Gréit: Mäi Bauch deet mir sou wéi. Wat hun ech eng Péng.
Ahhh, hëllef mir dach!
Jemp: Jo, mee wéi? ...... Ass et dann sou schlëmm?
Gréit: Jo, ..... aua... et ass net méi auszehalen.
Jemp: Wat soll ech da maachen? Hei bleiwen?
Gréit: D Trein... Hatt kennt sech dach mat Kreider aus. Géi
hatt sichen
Jemp: D Trein? Awer dach net dTrein! Dat ass jo eng
Hex. Hues du nach net héieren, wat dLeit sech erzielen? Hatt gët dir e Gëft,
oder hatt verzaubert dech! Da gëss du guer net méi gesond!
Gréit: Dat ass mir lo egal. Mäi Bauch deet mir ze wéi.
Méi schlëmm kann et net ginn! Géi hatt ruffen.
Jemp (geet eraus): Gutt, ech hun dech
awer gewarnt! Ech ginn dann.