Zeen 2
Kätt, Klos (hire Mann)
Kätt (ganz opbruecht zou hirem Mann, dee grad kënnt): Du kanns der net
virstellen, wat mir elo grad geschitt ass!
Klos: Beroueg dech mol! Wat ass da
lass?
Kätt: Dat frecht Louder! Mat deem
schwätzen ech ni méi.
Klos: Mat weem?
Kätt: Mam Trein. Ech hun hatt erwëscht,
wéi hatt hannert eisem Haus mat engem Kuerf voller Eeër gereest koum. Ech hunn
hat gläich zu Rieds gestalt. An du häss du mol sollen eppes héieren. Eng Toz
huet et mech genannt.
Klos: Wat! Déi frech Zatz! Awer sief
nëmme virsiichteg. Dem Trein ass net ze trauen. Nach gëscht, wéi ech beim Wiert
war, huet de Mett behaapt, hat kënnt zauberen. Um Enn zaubert hat dir nach eng
Krankheet oder soss eppes Schlëmmes un.
Kätt: Hues du och schonn esou eppes
héieren? Des lescht huet dLiss steif a fest behaapt, hatt hätt dTrein eng
Kéier gesinn, wéi et matzen an der Nuecht op engem Biesem aus dem Kamäin gefuer
ass.
Klos: Dann ass hatt eng Hex. An där
Nuecht hat hatt bestëmmt e Rendez-vous mam Däiwel. Maach, dass du nëmmen
näischt méi zou him sees. Deem ass net ze trauen. Hatt mécht eis nach
onglécklech.
Kätt: t as awer eng Frechheet, eis Eeër
ze klauern.
Klos: Ech maachen e Reedel un dDier
vum Héngerstall. Da kënnt et net méi eran.
Kätt: Mengs du, dat géif hatt ophalen?
Hexen kënnen dach duerch zouen Diere goen.
Klos: Ech muss emol doriwwer mam Meier
schwätzen.