Herold: Dëst ass dGeschicht vum Feultges Trein,
enger aarmer Wittfra vu Welschend. Si ass am Joer 1587 zou Buurschend als Hex
verbrannt ginn.
Déi éischt Zeen spillt hanner dem Kätt an dem
Klos hirem Haus.
Zeen 1
Trein, Kätt (eng Nopesch)
(DTrein kënnt mat engem Kuerf laanscht, dora sinn
Eeër)
Kätt: Wat méchs du dann hei hannert eisem Haus?
Trein: Dat geet dech een alen Dreck un.
Kätt: Kënns du heihin fir ze klauen?
Trein: A firwat sollt ech?
Kätt: Säitdem däi Mann gestuerwen ass, hues du kee Su
méi. Säitdem kënns du all owes bei mech Eër an de Stall schuppen.
Trein: Ech hu besseres ze dinn wéi deng faul Eeër ze
klauen. An ech hu bestëmmt grad esou vill Suen wéis du, domm Toz do!
Kätt: Da sin déi och geklaut. Ech hätt gär direkt meng
Eeër zréck.
Trein: Ech hunn deng Eër net!
Kätt: Da weis mir emol däi Kuerf!
Trein (geet fort): So eppes hun ech
net néideg. Ech gi lo.
Kätt (rifft him no): Dat ass de Beweis.
An deem Kuerf do si meng Eeër!